Thema
D’Rechter an d’Flichte vum Patient gi virgestallt, sou wéi dës am Gesetz vum 24. Juli 2014 gereegelt sinn. Et geet dobäi ëm Froen, wéi de fräie Choix vum Prestataire, d’Informatioun an d’Awëllegung (consentement) vum Patient, d’Recht op e Patientendossier, d’Recht sech begleeden ze loossen an eng Vertrauenspersoun ze bestëmmen.
De Public ass häerzlech agelueden sech mat den eegenen Erfarungen a Froen aktiv anzebréngen.