Dag 1

Dënschdeg, den 18. Mäerz 2025 vun 18:30 bis 20:00 Auer

Presentatioun vun der Asbl Liewen Dobaussen

Claude Michels

Chargé de direction vu Liewen Dobaussen asbl
Infirmier psychiatrique

Service “Suivi Ambulatoire” - wéi eng Strategië fir eppes ze beweegen?

Christiane Koetz

Infirmière bei Liewen Dobaussen asbl

De Service “Suivi Ambulatoire” vu Liewen Dobaussen riicht sech u Persounen, déi e psychiatreschen Encadrement brauchen an akzeptéieren. Dëse Service bitt vill Méiglechkeeten, fir an der Privatsphär vum Client ze intervenéieren a gëtt mat grousser Flexibilitéit un déi individuell Besoinen an Ziler vum Client ugepasst.

Follgend Offere ginn de Clienten am Kader vum “Suivi Ambulatoire” ugebueden:

  • Motivatioun a geziilt Fërderung vun der Autonomie
  • Opbaue vun enger vertrauensvoller Relatioun, ënner anerem duerch reegelméisseg Präsenz op der Plaz
  • Aktivéierung vum sozialen Ëmfeld duerch ë. a. Deelhuelen un individuellen a gemeinschaftlechen Aktivitéiten
  • Ubidde vu psychoedukative Moossnamen
  • Berodung a Begleedung bei psychiatreschen a medezinesche Froen

Fir dës Konferenz vun der AFPL wäerte mir eng Mataarbechterin vum Service virtuell bei hirer alldeeglecher Aarbecht begleeden. Wéi eng Erausfuerderunge wäerte mir begéinen? Wéi eng Situatioune wäerte wéi eng Handlungen erfuerderen? Wéi eng Roll spillt d'Kreativitéit bei der Begleedung? A schliisslech: Wéi eng Strategië sinn néideg, fir eppes ze beweegen?

No der Präsentatioun wäert eng Persoun, déi vum Service betreit gëtt, hir perséinlech Erfarunge mam Publikum deelen.

Konferenz a Lëtzebuerger Sprooch

Duerno fräi Aussprooch op LU, FR oder DE.

Adress

Däichhal, 1. Stack
4, rue du Deich
L-9012 Ettelbréck

Aschreiwung

Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input
Invalid Input